
Den 20. Mäerz ass de Musée mat de Wuessfiguren wéinst der Pandemie zou gaangen. Den 1. August mech en seng Dieren nees op. Dofir sti verschidde prominent Figuren en Donneschdeg scho virun der Dier a waarde brav an enger Schlaang, datt hiert Heemechtshaus nees opgeet.

Ganz vir steet d’Queen Elisabeth, duerno kënnt de brittesche Premier Boris Johnson, direkt virun der Sängerin Taylor Swift. De Prënz Harry a seng Fra Meghan Markle an den US-President Donald Trump stinn och an der Rei.
An der Schlaang hunn d’Wuessfigure vum Boris Johnson a vum Donald Trump souguer Masken un. Si weisen den zukünftege Visiteure wéi déi nei Mesure sinn.

Madame Toussauds geet e Samschdeg nees ënner strengen Sécherheetsmesuren op. D’Leit kréien d’Féiwer gemooss, solle sech net ze no kommen a ginn encouragéiert, Masken unzedinn.
