
Mat enger rosa Perréck an der Ënnerwäsch läit déi 19 Joer al Influencerin a sexuelle Positiounen um Bett. Esou weist sech d’Belle Delphine Millioune vu Leit op Instagram. De Social-Media-Star huet scho vill speziell Saache virun der Kamera gemaach, zum Beispill huet si erausgedréckte Fotoe vun hire Fans giess. D’Belle Delphine filmt sech ënner anerem am Maillot an der Buedbidden. Si ass dunn op d’Iddi komm, dëst Waasser a klenge Fläschen iwwer Internet ze verkafen. 30$ hunn d’Dëppercher mam Waasser kascht a se waren direkt ausverkaaft.
D’Reaktioune vun aneren Influencer hunn net laang op sech waarde gelooss. Op Youtube hu Leit d’Waasser gedronk oder souguer domadder gekacht.
D’Aktioun huet fir Gespréich um Internet gesuergt, verschidde Leit waren entsat, anerer hunn déi gutt “Marketing-Strategie” applaudéiert. Jiddefalls huet déi jonk Fra ferm op sech opmierksam gemaach.