
Mat hirem Hausdéier un d’frësch Loft ze goen, géing hirer Meenung no duergoen, fir d’Haus dierfen ze verloossen. Där Meenung waren d’Beamten allerdéngs net. 400 Euro huet d’Italienerin misse bezuelen.
Zanter dem 12. Mäerz gouf op Ouschterméindeg en neie Rekord mat Verstéiss op d’Bee gestallt: bei 252.148 Kontrolle wiere 16.545 Reegelverstéiss festgestallt ginn. Am Verglach zu Sonndeg wier dat eng Hausse vun 20,2 Prozent.
