Am Kader vum Salon Top Kids dréint sech op engen 8.500 Meter Carré alles ronderëm Spill a Spaass fir déi Kleng.
Vu Sprangschlässer a Kannerbicher, iwwert eng Spillplaz-Applikatioun, Gesiichtsmolerei bis hin zu kreative Bastel-Atelieren.
Och e Sonndeg nach gëtt de virun allem jonke Visiteure sou Munches gebueden.