Design geklaut?Star-Trek-Fans reege sech iwwert Logo vun US Space Force op

RTL Lëtzebuerg
De Logo vun der US Space Force gouf presentéiert an huet bei der Fan-Communautéit vun der Kult-Serie "Star Trek" fir vill Kritik gesuergt.
© Twitter / The Verge

Si hunn nämlech op déi frappéierend Ähnlechkeet tëscht dem Emblem vun der fiktiver “Starfleet” (“Sternenflotte”) an dem Logo vun der US-amerikanescher Weltraum-Arméi verwisen.

E Spriecher vun der US Space Force huet dës Virwërf awer zeréckgewisen. Beim Feil géing et sech ëm d’Delta-Symbol handelen. Dëst gouf och schonn 1961 bei der US-Loftwaff als Motiv benotzt. D’Star-Trek-Serie gouf awer eréischt 5 Joer méi spéit diffuséiert an 1972 koum de Film eraus.

Back to Top
CIM LOGO