
De Stephan Quintus ass frou mat geckegen Iddien, an elo zitt et hie mat senger Famill fir ëmmer a Lappland. Dat ass awer keng Schnapsiddi, mä gutt iwwerluecht. Hien huet dofir och no knapp 20 Joer op der Bunn gekënnegt, fir a Schweden nach emol eppes Neits unzefänken. Zu senger Biographie gehéieren 24-Stonnecourssen mam Vëlo, de Powerman an Éisträich oder eng Expeditioun mam Raphael Fiegen. A well seng Fra a seng 4 Bouwen dee selwechten Dram dreemen, gëtt elo nächst Woch zu Buresjön an der Gemeng Sorsele de “Camp Northwind” opgebaut.

Dem Martina Strate seng Stëmm kënnt een vum däitsche Radio. Zu Düsseldorf gebuer, ass de Wee op Oochen gaangen, wou d’Martina Germanistik a Konschtgeschicht studéiert huet. Duerno huet de Wee fir déi jonk Journalistin op Lëtzebuerg gefouert, wou se beim däitschen Programm vun RTL e Volontariat gemaach huet. Dorausser sinn 10 Joer ginn, bis d’Rees weider op Saarbrécken bei Radio Salü gaangen ass. Ganz beléift ass hei d”'Martina-Straten-Show”, wou all Woch nei Bicher virgestallt ginn an d’Auteuren an de Studio kommen. Mat “Blutmariechen” ass elo deen drëtten eegene Krimi erauskomm.

De Lenny Mines ass schonn als Kand mat op de Golfterrain gaangen an ass elo mat 14 Joer Lëtzebuerger Junior Champion am Golf. Deen éischten Kaddo un deen hie sech erënnere kann, war mat annerhallwem Joer e Golfschléier vum Papp. De Jean-Luc Mines huet säin Fils dunn och jorelaang trainéiert an haut begleet hie säin Jong nach op déi gréissten Tournoien, wéi viru kuerzem op d'“Bulgaria International Golf Open“, wou hien excellenten Drëtten ginn ass. A vläicht kann en och Enn Juli a Finnland d’Lëtzebuerger Faarwen nees sou gutt vertrieden bei den “European Young Masters”, wou sech déi bescht Europäer ënner 16 matenaner moossen.