Fans vu "Game of Thrones", "The Sopranos" a Co. kënne sech freeënStreaming-Service "HBO Max" vu Mëtt Januar un och zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De Service soll nieft dem Grand-Duché vum 13. Januar un och an Däitschland, Italien, der Schwäiz, Éisträich a Liechtenstein disponibel sinn.
© DAVID JON/Getty Images via AFP

Zum Repertoire vun HBO Max gehéieren nieft Kult-Serië wéi “The Sopranos” an “The Wire”, “Game of Thrones” och d’Game-of-Thrones-Spin-Off’en “House of the Dragon” oder déi nei lancéiert “A Knight of the Seven Kingdoms”. Wéi um Site vun der Plattform ze liesen ass, wäerten d’User zu Lëtzebuerg tëschent dräi Abbonementer wiele kënnen, dorënner de bëllegste fir 5,99 Euro de Mount, allerdéngs mat Reklamm. De Premium-Abo soll 16,99 Euro de Mount kaschten.

Back to Top
CIM LOGO