Eelste Mënsch vun der Welt?Südafrikaner feiert 116. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Seng Schwëster ass 1918 un der Spuenescher Gripp gestuerwen, elo huet de Fredie Blom matzen an der Corona-Pandemie säin 116. Gebuertsdag gefeiert.

“I have lived this long because of God’s grace” huet de Fredie Blom e Freideg deklaréiert.

De Südafrikaner ass 1904 zu Adelaide gebuer. Hie wier méi al wéi de Britt Bob Weighton, deen am Guinness-Buch vun de Rekorder mat 112 Joer als eelste Mënsch vun der Welt gëllt. Dem Blom säin Alter gouf nach net offiziell vun hinne confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO