Gaalgebeach 2019Summer, Sonn, Sand an e puer Partien Dodgeball

RTL Lëtzebuerg
Tropesch Stëmmung, Street Food, Cocktailbar, Fun-Sport a Sand ënnert de Féiss mat Beachparty zum Schluss. Dat gouf e Samschdeg um Gaalgebierg gebueden.

20 Ekippen an Teams tëscht 6 an 8 Spiller stoungen e Samschdeg mat e Féiss am Sand an hu probéiert sech géigesäiteg mat e puer Bäll ofzeschéissen, ähnlech wéi beim Vëlkerball. Organiséiert gouf dat Ganzt vun der “Fnöbsn asbl”.

Fir déi néideg Beachstëmmung op der uschléissender Party hunn d’DJen Dedes, Freezy, Fritz an Tony gesuergt.

© Ant Deister

De Sand läit iwwregens schonn zanter Juli um Gaalgebierg, dat am Kader vum Luxembourg Beach Open, deen dëst Joer scho fir déi 24. Kéier organiséiert gouf.

Ronn 1.000 Tonne Sand ginn dofir op d’Plaz transportéiert a goufen op 5 Terraine verdeelt. De Sand koum viru knapp 10 Joer aus der Belsch a gëtt dat ganzt Joer iwwer bei engem vun de Sponsoren tëschegelagert an all Joer op en Neits gesift a gefiltert, ier en op de Gaalgebierg kënnt. D’Gemeng Esch hat sech deemools un de Käschte vum Sand bedeelegt.

Den Entrée war fräi.

© Ant Deister

Wat ass Dodgeball?

Et gëtt ëm Schnellegkeet, gutt Reflexer an eng Decisioun an engem Brochdeel vu Sekonnen kënnen ze huelen: Weechen ech dem Ball elo aus oder fänken ech en op?

De Prinzip vum Spill ass wéi beim Vëlkerball, just, dass hei mat méi Bäll a manner Spiller um Terrain gespillt gëtt. Et gëtt och keng Eliminatioun, wann ee Spiller vum Ball getraff gouf, beim Dodgeball gëtt mat engem Zäitlimit gespillt.

Back to Top
CIM LOGO