Nei Engele fir Victoria's SecretSupermodele ginn duerch Fraen ersat, déi duerch Leeschtung punkten

RTL Lëtzebuerg
Amplaz vu laange Been sollen an Zukunft d'Modele vu Victoria's Secret duerch hir Wäerter an Talenter erausstiechen.
© AFP

Den Dessous-Label ersetzt seng Engelen duerch den “VS Collectiv”. Gemengt ass eng Kollektioun, déi mat de Clichéë brécht. Fraen, déi sech politesch engagéieren a sech zum Beispill fir méi Rechter fir Homosexueller asetzen oder bekannt Sportlerinnen.

Domat reagéiert Victoria’s Secret op en Image-Problem. Grad an Zäiten, an deenen ëmmer méi iwwer Theme wéi Body Shaming, Sex sells oder #MeToo diskutéiert gëtt, huet d’Mark missen handelen.

Mat um Start vum neien “VS Collectiv” ass ënnert anerem déi homosexuell Futtballspillerin Megan Rapionoe. Och d’Adut Akech, dat an engem Flüchtlingscamp op d’Welt komm ass, d’Journalistin a Fotografin Amanda de Cadenet an d’Curvy-Model Paloma Elsesser gehéieren zu den neie Gesiichter.

Back to Top
CIM LOGO