
Eng ganz Rëtsch Gemenge bidden dëse Plagen-Feeling un. Wou et dat iwwerall gëtt, weise mir Iech an eiser Serie Plagen zu Lëtzebuerg.
Zu Bartreng gouf e Freideg déi éischt Surf-Well hei am Land presentéiert. De mobille Baseng soll bis Mëtt August am Zentrum vu Bartreng stoe bleiwen a grouss a kleng begeeschteren. Den Tim Morizet war sech fir de 5. a leschten Deel vun eiser Plagë-Serie dës Neiegkeet ukucken.
D’lescht Joer nach zu Wickreng, dëst Joer zu Esch. Am Mee huet de Wicki Beach seng Dieren um Belval opgemaach. De Strand gehéiert zu den populäerste Plagen zu Lëtzebuerg. Keen Wonner: mat Evenementer, DJen an Themenowenter iwwert de ganze Summer op 1.500 Quadratmeter Sand.
Fir Grouss a Kleng, fir jiddereen ass eppes mat dobäi. Den Hesper Beach Club ass e klengt Paradäis, ideal fir e bësse vum stressegen Alldag ewechzekommen. Egal ob een op der Sich no Rou ass, flotten Aktivitéite fir d’Kanner oder no enger Erfrëschung: genee dann huet ee säi Strand-Feeling zu Hesper fonnt.
Dem Personal no verbréngen d’Leit och gäre mol méi Zäit op der Terrasse oder hannenaus um Sand.
Zesumme mam Restaurant Hesper Park bréngt d’Hesper Gemeng de Beach Club fir déi 11. Kéier matzen an Duerf.
Ween et dëse Summer net op de Strand packt, fir dee bréngt d’Stad Lëtzebuerg de Sand op d’Theaterplaz. An och wann hei net déi grouss Soiréeë geplangt sinn, ass et déi ideal Plage, fir d’Schong auszedoen an e bëssen de Kapp fräizekréien.
An dat klappt ganz gutt. De lokale Geschäftsleit no géifen d’Visiteure gäre mol 2 bis 3 Stonnen an de Ligestill am Sand verbréngen. Erfrëschungen an z’iesse gëtt et och sur place. Fir Schied an dëse méi sonnegen Deeg ass mat Sonneprabbelie gesuergt. Ma och d’Petanque-Pist huet hire Wee nees op d’Theaterplaz fonnt.
Bis Enn September oder wann d’Wieder net méi matspillt éischter, bleift de Strand-Feeling op der ëffentlecher Plaz iwwert dem ënnerierdesche Parking bestoen. Dat och mat summerlechen Aktivitéiten. D’Plage ass all Dag vun 9 Auer Moies bis 22 Auer op.
E puer Botten, Palmen, Prabbelien a ganz vill Sand. Dat geet duer, fir aus Bëschdref “Beachdref” ze maachen. Zesumme mat der Jugendkommissioun bréngt d’Gemeng Helperknapp eng drëtte Kéier d’Plage matzen an d’Duerf. Dee ganze Projet ass op Nohaltegkeet opgebaut. Et gëtt deemno bal ganz op Plastik verzicht. Et soll der Gesondheet guttdoen. D’Kanner kënne sech auspoweren an d’Eltere kënne vum gudde Wieder profitéieren.