Cheffin vu "Wildberries"Tatjana Bakaltschuk nei räichste Fra vu Russland

RTL Lëtzebuerg
D'Cheffin vum russeschen Online-Händler "Wildberries" ass nei räichste Fra vum Land.
© AFP

D’Tatjana Bakaltschuk huet mat hirem Verméige vun ëmgerechent ronn 1,3 Milliarden Euro d’Elena Baturina ofgeléist. Dat geet aus der russescher Editioun vu Forbes ervir.

Déi haut 44 Joer al Business-Fra huet hir Shopping-Websäit 2004 wärend hirem Congé de maternité gegrënnt, nodeems hir opgefall ass, wéi schwéier et fir Mamme mat klenge Kanner ass, shoppen ze goen. Mëttlerweil ass “Wildberries” dee gréissten Online-Händler a Russland. 2019 huet d’Firma e Wuesstem vun 88% op 3,2 Milliarden Euro notéiert

“Wildberries” bitt nieft Gezei, och Liewensmëttel, Bicher, Dokumentatiounen elektronesch Apparater a Medikamenter un.

Back to Top
CIM LOGO