D'Swifties flippen ausTaylor Swift an Travis Kelce hu sech verloobt

RTL Lëtzebuerg
"Your English teacher and your gym teacher are getting married", schreiwen d'Sängerin an de Football-Star op Instagram.
© CHARLY TRIBALLEAU / AFP

Et dierft eng Mega-Hochzäit ginn. Déi weltbekannte Sängerin Taylor Swift an den NFL-Star Travis Kelce hu sech verloobt. Dat huet d’Koppel op Instagram bekannt ginn.

Am Hannergrond vun der Annonce ass de Swift-Song “So High School” ze héieren, deen si iwwert hiren zukünftege Mann geschriwwen huet. Zanter zwee Joer sinn d’Staren eng Koppel. De Rank ass e quadratesch-ovalen Diamant an enger gëllener Faassung vum Bijousdesigner Kindred Lubeck. Et géif sech ëm en “Old Mine Brilliant Cut” handelen, wëllt TMZ wëssen. Der berüümter Sängerin hire Papp hat der Koppel scho säi Seege ginn, an den Travis Kelce hat och brav bei sengem zukünftege Schwéierpapp ëm d’Hand vu senger Duechter ugehalen.

D’Fans ronderëm d’Welt sinn ausser sech. Bannent enger Stonn gouf d’Annonce op Instagram 9.750.000 mol geliked. Well d’Taylor Swift Milliardärin ass, an den American-Football-Spiller awer “just” ronn 70 Milliounen Dollar um Kont huet, gëtt iwwert e Contrat de mariage spekuléiert. D’Sängerin hätt op esou e Vertrag bestanen. Ob dat Thema entretemps gekläert gouf, ass net bekannt gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO