Guiness-BuchTeenager huet Gréisst 57 am Schong... en neie Rekord

RTL Lëtzebuerg
De 16 Joer jonke Lars Motza vu Berlin steet wéinst senge grousse Féiss elo am Guiness-Buch vun de Rekorder. Ronn 35 Zentimeter si seng Féiss laang.
© https://guinnessworldrecords.com

De lénkse Fouss ass 35,05cm laang, de rietse 34,98cm. Hie brauch dofir Schong vun der Gréisst 57, déi et sou an Däitschland guer net ze kafe ginn. Hie muss dofir Schong op Mooss gemaach kréien, a sou e Puer kascht emol séier 1200 Euro.

Scho bei senger Gebuert ass opgefall, dass seng Féiss ausserhalb vun der Norm leien. Déi waren dunn nämlech schonn 9,5cm laang an hunn net op d’Stempelkësse gepasst.

D’Tatjana Persich vum Verband Deutscher Podologen berouegt d’Famill Motza awer. Si missten net fäerten, dass d’Féiss nach weider wuessen. Bei Jonge géifen déi ongeféier am Alter vu 14 Joer ophalen ze wuessen.

Wat seng Kierpergréisst ugeet... do ass de Lars aktuell bei 2m05. Do riskéiert awer nach deen een oder aneren Zentimeter derbäi ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO