D'Mamm dierf näischt wëssenTeenie-Frëndin heemlech op Besuch, de Stéifpapp twittert live

RTL Lëtzebuerg
Als Teenager d'Frëndin heemlech mat op d'Kummer huelen, ass jo net ongewéinlech. Wann de Stéifpapp et matkritt an op Twitter deelt, gëtt et witzeg.
© Screenshot vum Twitter-Profil

En 18 Joer jonken Teenager huet fir d’alleréischte Kéier seng Frëndin mat Heem geholl - matten an der Nuecht an heemlech. D’Mamm soll dovun näischt matkréien, dat gëtt besonnesch moies interessant, wann d’Frëndin och nees heemlech aus dem Haus soll.

Déi Fro huet sech och de Stéifpapp gestallt, deen déi ganz Aktioun matkritt huet. Op Twitter lancéiert hien dowéinst e wuertwiertleche Familljekrimi: “Mäi Stéifjong ass uewen a senger Kummer mat engem Meedchen, dat iwwer Nuecht bliwwen ass, a meng Fra weess nach näischt dovun. Ech si gespaant, wéi hien hatt, elo wou d’ganz Famill wakereg ass, nees erausschmuggelt...an elo waarde mir.”

Eleng deen Tweet gouf iwwer 396.000 Mol geliked a ronn 86.000 Mol gedeelt. Déi vill Follower wollten natierlech wëssen, wéi deen “Drama” weidergeet.

D’Geschicht geet natierlech weider, och well d’Mamm vum Jong samschdes ëmmer d’Haus botzt an déi eenzeg wäiss Schong, déi offensichtlech net zur Famill gehéieren, net bemierkt huet.

Dozou mécht de Stéifpapp op Twitter d’Remark, dass et eng hënnescht Dier bei der Kiche gëtt, dem Meedche seng Schong awer bei der viischter Dier stinn, op där anerer Säit vum Haus.

Och dass d’Mamm esou därmoossen verdéift ass an hir Aarbecht an dat wuel dee beschte Moment fir de Jong wier, seng heemlech Frëndin aus dem Haus ze schmuggelen, mécht den Twitter-Krimi weider spannend.

Vill Leit kommentéieren, de Stéifpapp hätt dach besser der jonker Koppel ze hëllefen, amplaz sech op Twitter e Spaass z’erlaben. Dee weist sech awer wéineg beandrockt, schliisslech wier de Bouf en erwuessene Mann vun 18 Joer a fir seng Decisioune selwer verantwortlech.

Souguer fir eng Ëmfro ass him déi mësslech Lag vu sengem Stéifbouf net ze schued...

D’Spekulatioune ginn am spéide Moie weider an de Mann freet sech, ob de Jong vläicht op Zäit spillt. Nodeems d’Mamm am Buedzëmmer fäerdeg ass a sech d’Kiche virknäppt, kënnt d’Frëndin tatsächlech d’Trapen erof, Direktioun Buedzëmmer. Wat eng Iwwerraschung, de Mann kennt et souguer, et ass eng vun de beschte Frëndinnen. Do kéint d’Mamm jo op d’Iddi kommen, et hätt aus reng platonesche Grënn do geschlof. Gutt, dass si déi eendeiteg Geräischer um 4 moies net héieren huet, heescht et an engem weideren Tweet.

Nonchalent kënnt kuerz drop och de Jong erof, huet sech d’Schong vun der Frëndin gekroopt an ass nees zeréck a seng Kummer - um Wee krut e vum Stéifpapp nach en A zougepëtzt...

Um Enn dann en Happyend fir déi heemlech Léift, d’Mamm mécht eng Paus a leet sech mat engem Buch an d’Bett. Dovun profitéiert de Jong a verschwënnt mat senger Fënndin nees aus dem Haus.

Als Schlusswuert koum nach en Extra-Tweet u seng Hater, well hie senger Fra net gehollef hätt beim botzen...

Back to Top
CIM LOGO