Live! Planet People - Am ReplayTessy Antony de Nassau, Jorge Valente a Rom Bernard

Patrick Greis
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm d'sozial Engagementer vun der fréierer Prinzessin, Reesen an Musek.
Live! Planet People
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm d’sozial Engagementer vun der fréierer Prinzessin, Reesen an Musek.

D’Tessy Antony de Nassau ass eng Business-Fra mat groussem Häerz. De Moment ass si éischter Mamm a freet sech op eng Zäit no Corona, fir hir sozial Engagementer virun ze féieren. Ënnert anerem de Kanner-Jugendtelefon an den EltereCafé vun der Eltereschoul vun der Fondatioun Kannerschlass sinn hir zu Lëtzebuerg ganz wichteg. Zanter Kuerzem hëlt déi fréier Prinzessin och Podcaste mat interessante Leit op.

De Jorge Valente ass normalerweis mam Motto op der Rull. Zanter Januar war hie mat senger Fra a Südostasien ënnerwee, elo huet d’Koppel sech zesummen am Laos zréckgezunn a waart op besser Zäiten. Den éischten COVID-19-Fäll gouf et bei hinnen den 23. Mäerz, och wann de Laos d’Grenz mat China mécht. Bis den 19. Abrëll réit d’Regierung den Awunner, doheem ze bleiwen. D’Stroossen sinn zimmlech eidel, awer an de Supermarchéë goufen et nach keng Hamsterkeef.

De Rom Bernard ass e Rockmuseker an Hallef-Pensioun. 1968 gouf Cool Feet ronderëm de Rich Ruppel gegrënnt an huet nach englesch Texter gesongen. Wéi de Rom Bernard 1980 bäikoum, sinn d’Lidder Lëtzebuergesch ginn, an de Stil ass elo éischter Blues-Rock/Pop-Rock. Fir de Moment keng schlecht Stëmmung doheem opkommen ze loossen, huet de Rom mat Cool Feet e sëffegt Lidd opgeholl a ganz Lëtzebuerg prost mat.

Back to Top
CIM LOGO