
Kuerz virun Enn vun der erfollegräicher Sitcom konnten d’Acteure sech um Hollywood Boulevard fir ëmmer veréiwegen. Un der Zeremonie hunn natierlech all d’Haaptacteuren deel geholl, dorënner den Johnny Galecki, Jim Parsons, Kaley Cuoco, Simon Helberg, Kunal Nayyar, Mayim Bialik an Melissa Rauch. E grousse Merci riichten d’Schauspiller un hir Fans an Zuschauer. Elleng fir déi 9. Staffel hunn iwwer 20 Millioune Leit d’Serie um Fernseh matverfollegt. 10 Emmy-Auszeechnunge krut d’Sitcom bis elo iwwerreecht.
2007 war de Startschoss fir déi amerikanesch Comedy-Serie gefall, den 16. Mee musse mir dann dem beléiften Grupp vu Wëssenschaftler definitiv Äddi soen.
Fir d’Acteuren ass et schonn zanter en Dënschden eriwwer, do gouf déi lescht Episod gedréit.