Eigentlech ginn déi beim Militär benotzt, fir och am Reen a Schnéi e kloert Bild ze kréien. Elo an der Zäit vum Covid-19 gi se awer nach op anere Plaze benotzt.
De Gilbert Reyland huet schonn ëmmer Thermographie-Kamerae verkaaft. Mee an der Gesondheetskris hunn déi eng ganz nei Bedeitung kritt. Virun der Pandemie éischter am Beräich vun der Abrochpreventioun, elo an engem ganz anere Beräich. Haut gi se dacks als eng Aart Thermometer benotzt. An dat ganz einfach ouni, dass een no bei d’Persoun muss goen. Mat enger Genauegkeet vun 0,02 Grad detektéieren déi Kameraen d’Temperatur vum Kierper. Huet eng Persoun Féiwer, da gëtt eng speziell Software en Alarm, an et weess een, dass een déi Persoun méi genau muss kontrolléieren.
Mee net just d’Temperatur gëtt gemooss. Et gëtt och gläichzäiteg kontrolléiert, ob een eng Mask unhuet oder ob d’Leit de Sécherheetsofstand anhalen, seet de Gilbert Reyland vu Securitec.
Zanter e puer Wochen hänkt och am Primavera zu Gaasperech esou eng Kamera. Hei huet ee sech scho ganz fréi Gedanken doriwwer gemaach, wéi een d‘Cliente a virun allem Employeure vum Geschäft protegéiere kann. An do war esou eng thermesch Kamera en éischte Schratt. D’Kamera hänkt elo schonn zanter e puer Wochen am Geschäft. Esoubal d’Kamera eng ze héich Temperatur feststellt, kritt de Client dat op engem Bildschierm gewisen, mat der Noriicht, dass ee soll bei en Dokter oder an d’Spidol goen, fir sech ënnersichen ze loossen.
Natierlech ass Féiwer kee séchert Zeechen, ob een elo de Virus huet oder net. Mee et ass en éischten Unhaltspunkt, dass eppes net stëmmt. Virun allem wann ee ganz vill Leit op héich frequentéierte Plaze kontrolléiere muss, da spillt dee System säi Virdeel aus.
Mee net iwwerall bréngen déi Kameraen e Virdeel. Elo géing ee jo mengen, dass an der Loftfaart esou e System perfekt wier, fir d’Passagéier ze kontrolléieren, éier se an de Fliger klammen. Deem wier awer net esou, seet de René Steinhaus, Direkter vu Luxairport. Vill Covid-19-Fäll verlafen a-symptomatesch hunn also kee Féiwer, domat géing esou eng Kamera kee wierkleche Virdeel bréngen. Op d’mannst net an den Ae vu Luxairport.
De Moment gëllen a ganze ville Beräicher d’Gestes Barrière, also eng Mask undoen oder en Ofstand vun op d’mannst 2 Meter halen. Dat iwwerall an engem Geschäft oder Gebai ze kontrolléieren, ass bal net méiglech. Mee genau do kéinten esou Kameraen hëllefen.
Elo stellt sech natierlech d’Fro, wéi esou Systemer mam Dateschutz ze vereenege sinn. Well esou eng Iwwerwaachung bedeit natierlech och ëmmer en Agrëff an d’Privatsphär vun all eenzelem. Aktuell gëllen och fir Thermographie-Kameraen déi nämmlecht Dateschutzreegele wéi fir all aner Iwwerwaachungskamera, déi am ëffentleche Raum hänkt.
