
Et ass eng Première an der Geschicht vun Deutschland sucht den Superstar: Nach ni huet eng Persoun d’Finall an Ofwiesenheet vum Bohlen gewonnen. Dëst wäert sech 2021 änneren. Mam Thomas Gottschalk ass d’Jury fir déi 2. lescht Showen nees komplett.
D’Kandidaten, déi weiderkomm sinn, kéinten alleguerte gutt sangen an de Public géing souwisou entscheeden, net hien. Also kéint hien och näischt falsch maachen, huet den Thomas Gottschalk zu senger neier Funktioun gesot.
Et wier net einfach, den Dieter Bohlen an der Jury z’ersetzen, awer wann eng Persoun et géing hikéien, dann den Thomas Gottschalk, heescht et vum RTL-Entertainment-Chef. “Ech freeë mech immens, dass den Thomas spontan grousse Spaass un der Iddi hat, als Gaascht-Juror a béide Showen anzesprangen. Mat him gewanne mir e richtege Show-Gigant fir DSDS”, huet de Kai Sturm ënnerstrach.