
Stëbse mat ale Strëmp
Fir seng Miwwelen ofzestëbsen, muss een net ëmmer op Produiten zeréckgräifen, déi een zu allem Iwwer och nach just e puer Mol benotzt an dann ewechgehäit. Et geet och méi ëmweltfrëndlech mat ale Strëmp. Einfach iwwer d’Hand zéien a lasswëschen. Dee beschte Grond ass natierlech, dass Stëmp mat Lächer nach eng Verwendung fannen an de Portmonni sech och freet.
Mikrowell propper kréien
Iessensreschter, déi an der Mikrowell ugepecht sinn, kritt ee just mat vill reiwen nees fort. Et geet och, 5 Minutte op maximaler Hëtzt. D’Essegwaasser verdämpt an de Knascht lgeet mat engem klenge Wësch fort.
Kaffi géint Gestank
Wann et an der Kichen net gutt richt, do bitt sech en Offall-Produit aus der Kichen un: Kaffi-Saz. Wann et zum Beispill am Frigo net sou angenehm richt, stellt een eng Schossel mat dréchenem Kaffipolver fir 24 Stonnen dran. Och am Schungschaf verdreift e Sachet mat Kaffi déi schlecht Gerécher. Et kann een de Sachet souguer an de Schung leeën.
Salz am Schäffchen
De Schäffchen ze botzen, ass keng dankbar Aufgab. Mat engem klengen Trick ass dat guer net esou schwéier. Einfach de Schäffche mat enger naasser Fatz ofwëschen an duerno mat Salz astreeën. Fir dass et och wierklech blénkt, de Schäffchen op 50 Grad ophëtzen a wann d’Salz brong ass, dat Ganzt ofkille loossen a fiicht ofmaachen.
Bakpolver op Plätterchersfouen
Oflagerungen an de Foue vun de Buedzëmmerplättercher ass ideal fir Schimmel a Pilz, dobäi léisst sech dat ganz liicht ewechmaachen. E puer Läffele Bakpolver mat wootlech Waasser uréieren, bis et papeg ass. Mat enger Zännbiischt kann een dann dës Past an d’Fouen amasséieren, fir se dann eng gutt Stonn awierken ze loossen. Dat Ganzt zum Schluss mat waarmem Waasser ofspullen.
Schong an der Wäschmaschinn
Och seng Schong kann een an der Wäschmaschinn wäschen, fir d’Trommel awer net beschiedegen, gëtt et een Trick. D’Stréckelen einfach no vir iwwert d’Dier zéien, sou dass d’Schong hänke bleiwen. Sou evitéiert een, dass se beim Schleideren hin an hier fléien.
Keen Iwwerkachen
Jidderengem vun eis ass et schonn emol geschitt, entweder beim Kache vun Nuddelen oder Gromperen, dass d’Waasser iwwerkacht. Dat léisst sech mat engem klengen Trick ganz liicht evitéieren. Et geet duer en hëlzene Läffel op d’Dëppen, respektiv d’Kasserolle ze leeën. Dat klappt och bei der Mëllech, do kann ee de Bort vum Dëppen mat Botter areiwen, fir dass d’Mëllech do bleift, wou se higehéiert.
Kraiderwierfel
Et ass praktesch a virun allem, kann ee seng frësch Kraider sou direkt verschaffen an huet der ëmmer op Reserv. Sämtlech Kraier kleng schneiden an zesumme mat Olivenueleg a kleng Wierfelen afréieren.
Steng vun de Kiischten
De Steen vun de Kiischten nach virum Iessen erauszehuelen, evitéiert, dass een de naassen ofgelutschte Steen muss erausspäizen. Dofir leet een d’Kiischt op d’Ëffnung vun enger eideler Fläsch a ka mat engem Schallimo de Steen erausdrécken. Dee fält op de Buedem vun der Fläsch a scho kann ee sech d’Kiischt schmaache loossen.
Gedrénks kal kréien
Dir kritt onerwaart Besuch an hutt kee Gedrénks kal. Wéckelt einfach naasse Kichepabeier ronderëm eng Fläsch a stellt se fir 10 Minutten an den Tiefkühler. En aneren Trick ass en Eemer mat Äiswaasser, wou Dir d’Fläschen drastellt a Kachsalz driwwer schëtt.
Perfekte Pancakes
Dir hutt eng eidel Ketchup-Fläsch, dann gehäit se net ewech. Spullt se uerdentlech aus a fëllt se mam Deeg. Sou kritt een den Deeg op perfekt Manéier an d’Pan a gutt doséiert, fir schéi ronn Pancakes hinzekréien.
Grill ufänken
Dir hutt Kuel, awer keng Brickette méi fir d’Feier unzefänken. Hutt der Chipsen oder Taccos am Schaf? Déi kann een och benotzen.
Kale Wäin
Am Summer e Glas gudde kale Wäin op der Terrass genéissen. Bei 30 Grad wuel schwiereg, dass d’Gedrénks laang genuch kal bleift. Gefrueren Drauwe sinn do immens nëtzlech.
Perfekten Eyeliner
Den Eyeliner perfekt ze placéieren, ass net sou einfach. Do hëlleft e Läffel. De Still vum Läffel hält ee vum ënneschte Wimperekranz diagonal bei den Ofschloss vun den Aperhoer, da kann een déi ënnescht Linn zéien. Duerno verdeckt ee mam Läffel verdeckt den Aendeckel, och sinn d’Aperhoer de Repère an et kann een den ieweschte Stréch zéien.
Vaselin ënnert dem Parfum
De Liiblingsgeroch verflitt ze séier? Dogéint gëtt et een Trick: Schmiert Iech eng kleng Kusch Vaselin op d’Handgelenker an duerno de Parfum drop. E bleift effektiv méi laang op der Haut.
Virun der Schwämm
Chlorwaasser ass net sou ganz gesond fir d’Hoer. Fir z’evitéieren, seng Hoer beim Passage an der Schwämm ze vill ze schiedegen, sollt ee se besser naass maachen, ier een an d’Waasser spréngt. Esou verhënnert een, dass d’Hoer sech mat Chlor vollsaugen.
Zännpasta op d’Neel
Wann Är Neel ze séier briechen, kann ee se mat Zännpasta stäerken. D’Crème fir d’Zänn propper ze kréien, huet deen Effekt och op de Neel, Verfierwunge verschwannen an hëlleft anengems, dass se méi séier wuessen.
Neellack dréchnen
Wann Dir net genuch Zäit hutt ofzewaarden, dass d’Neel dréche sinn, gëtt et e klenge Trick, wéi et méi séier geet. Zappt Är Fangerspëtzen, nodeems der d’Neel gefierft hutt, kuerz an Äiswaasser.
Gelatine géint Mitesser
Dir hutt schonn all Crème an all Produit probéiert an hutt net nëmmen nach Mitesser op der Nues an e Lach am Portmonnie? Vläicht wier et un der Zäit säin eegene Produit ze maachen. Mat engem Zoppeläffel Gelatine an engem Zoppeläffel Mëllech. Dat Ganzt opréieren, kuerz an der Mikrowell waarm maachen a wann et kal genuch ass, op déi betraffe Plazen pinselen an eng Minutt anzéie loossen.