Live! Planet People am REPLAYTom Gatti, Sumo a Gilles Reuter

Patrick Greis
Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm Musek, Street Art a Catering.
Live! Planet People
Am Live! Planet People goung et e Freideg den Owend ëm Musek, Street Art a Catering.

Den Tom Gatti weess, wéi ee Musek mécht, déi an d’Ouer geet. No senger Zäit bei Eternal Tango surfe se elo zu 6 als Mad Fox op der Well vum Erfolleg. Virun 2 Joer hu se mat hirer éischter Single “Hush” am Juni offiziell den inoffizielle FIFA World Cup Song erausbruecht. Mëtt November vum selwechte Joer hu se mat “Bubble” d’Lidd vum Joer bei de Luxembourg Music Awards gewonnen a vläicht gëtt “Anna” jo bei eis de Summerhit 2020?

De Christian Pearson mixt als SUMO déi richteg Faarwe mateneen. Erauskommen zum Deel iwwerdimensional Biller, déi engem an d’A sprangen a vill elle Chantieren an e Konschtobjet verwandelen. Zum Beispill beim Chantier vum Royal Hamilius an der Rue Louvigny oder deemools beim ale Monopol zu Gaasperech. Fir d’Table ronde huet hie sech elo op engem Mask veréiwegt a seng Zeechnung “Tousse ensemble” soll op eng Taass kommen als Erënnerung un d’Covid-19-Zäit.

De GillesReuter huet Politik studéiert, ier hien zu Wien bei der Drogenhëllef geschafft huet. Dertëscht huet en ëmmer a Bare gejobbt, bis en zesumme mam Gianni de Bar “Die Parfuemerie” an d’Liewe geruff huet. De Gilles lieft mat senger Fra a sengen 2 Kanner an der éisträichescher Haaptstad. Zesumme mat sengem Compagnon maache se och Catering, an hu sech e Numm gemaach, dee sech erëmgeschwat huet bis bei d’Conchita Wurst, d’Naomie Campbell an den FC Bayern München.

Back to Top
CIM LOGO