You've got mailTom Hanks schreift Bréif u Jong, dee Corona heescht a gehänselt gëtt

RTL Lëtzebuerg
De Schauspiller, dee sech de Virus selwer scho fréi agefaangen hat, setzt sech elo fir e Kand an, dat wéinst sengem Virnumm gehänselt gëtt.

De Corona De Vries, en 8 Joer ale Jong aus Australien, huet et aktuell net einfach. Wéinst sengem Numm, deen op spuenesch näischt méi wéi “Kroun” heescht an deen d’selwecht ass, wéi dee vum aktuelle Virus, gëtt de Bouf an der Schoul gehänselt a gemobbt.

De klenge Jong hat u sech dem Tom Hanks geschriwwen, fir ze froen, ob et him a senger Fra no der Erkrankung géif besser goen. A sengem Bréif huet de Corona dann och geschriwwen, datt hien an der Schoul “Coronavirus” géif genannt ginn, dat géif hien traureg a rose maachen. Hie wier awer ganz frou mat sengem Virnumm.

Dem Schauspiller an och senger Fra Rita Wilson hunn de Bréif vum Jong gutt gefall an den Tom Hanks wollt de Klengen e bëssen opmonteren. Well de Bréif vum klenge Corona op enger Schreifmaschinn geschriwwe war, krut hien als éischt emol e Kaddo. Eng Schreifmaschinn vum Modell “Corona” an d’Opfuerderung, de Jong sollt dem Hanks ëmmer mat där Maschinn Bréiwer schreiwen, esou kéinte si a Kontakt bleiwen.

Opgemontert gouf de klengen Corona de Vries dann och: “Du hues e Frënd a mir fonnt”, huet den Tom Hanks geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO