Den Tom Hillenbrand schreift normalerweis Bicher, fir op den Nuetsdësch ze leeën. De Moment kënnt den däitschen Auteur iwwert den Internet an d’Haus a liest vir. Dass et hien ëmmer nees op Lëtzebuerg zitt, ass kee Geheimnis. Säin aktuellt Buch heescht “Qube”, an deem hie mat vill Witz a Loscht um Detail zwee Genrë matenee verschmëlzt, an zwar Thriller mat Science Fiction. Awer och seng zwee kulinaresch Krimie “Rotes Gold” an “Teufelsfrucht” kann ee sech nach op der Zong zergoe loossen. Ënnert dësem Link liest hien dëse Samschdeg um 17 Auer “Die Blacklist. Alte Bücher, neu entdeckt.”
De Jang Kohnen huet et virun 20 Joer op Montreal verschloen. Do huet e sech drop spezialiséiert, geckeg Iddien ze siche fir d’Serie “Juste pour rire”, déi an 130 Länner bekannt ass. An 20 Joer huet hien esou ronn 2.000 Zenarien op d’Blat bruecht a munchmol konnt een hien doranner och als “Lockvogel” gesinn. Am Lockdown koum de Produzent vu Filmer mat verstoppter Kamera op d’Iddi vun der viraler Komedie. Sou änlech wéi bei der Ice Bucket Challenge soll “Viral Comedy” d’Leit zum Laache bréngen a selwer ustiwwelen, e Sketch an d’Netz ze stellen. A wie wëll, dierf och gären e klengen Don maachen, fir d’Recherche op der Sich no engem Impfstoff géint Corona virunzebréngen.
Mat 9 Joer huet den David Ianni Piano geléiert a mat 16 Joer huet hie scho reegelméisseg Concerte ginn. Beim Télévie huet hie sech veréiwegt mat der Hymne “Fir dech do” a beim Doud vum Grand-Duc Jean huet hie mam “Adieu” genee déi richteg Téin fonnt. Awer och fir Omega 90, d’SOS Kannerduerf oder de Projet “My Urban Piano” war hien aktiv. De Pianist a Komponist kann ni laang roueg sëtzen. D’Corona-Zäit huet de Museker genotzt, fir säin Projet “Together”, zesumme mat der Ettelbrécker Gemeng, ze realiséieren a ronn 190 Leit hu matgemaach a sinn dran ze gesinn. Méi Informatioune fannt Dir hei.