Déi Kéier fir d’éischt an der neier Hal “O” zu Uewerkuer.
Dee grousse Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren nees vill flott Boke mat derbäi, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen.
Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d’Vollek gemëscht an d’Stëmmung op d’Musek vum Käpt’n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon konnt net besser sinn.
Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dëst Joer der Fleegestatioun fir wëll Déiere vun Diddeleng an der ALLM, der Association Luxembourgeoise de lutte contre la mucoviscidose, zegutt.
