
Als “Joker” danzt de Joaquin Phoenix d’Trapen erof, elo maache Fans him et no a posten d’Biller mam Hashtag #JokerStairs op Instagram.
An der West 167th Street zu Brooklyn, tëscht der Anderson Avenue a Shakespeare, do ass d’Trap, déi nach virun 2 Méint zimlech onspektakulär war. Ma zanter dem 31. August ass dat anescht. Do war de Start vum wuel erfollegräichste Kinofilm vun dësem Joer “Joker” an zanterhier treffe sech d’Fans vum Film op dëser Trap.
Si danze wéi am Film am Clown-Kostüm oder ähnlech ugedoen déi laang Trap erof. Loosse sech vu Kollege knipsen, maache Selfien a probéieren déi markant Filmzeen nozemaachen.
D’Leit, déi an der Ëmgéigend vun den JokerStairs wunnen, sinn allerdéngs manner begeeschtert. Net nëmme well d’Trap den Ament permanent bedanzt a fotograféiert gëtt, ma och well si a Fro stellen, datt hei eng Figur nogestallt gëtt, e Mäerder, deen esou gehyped gëtt. Et handelt sech donieft ëm eng Ëmgéigend, déi zu den aarme Quartiere gehéiert. Aarm Ëmgéigende si keng Touristen-Attraktioun, sou d’Kritik.