Live! Planet People am REPLAYTréierer Prënzekoppel a Famill op Weltrees

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People waren e Freideg zwou Koppelen op Besuch, déi allebéid eng ganz speziell Aventure lancéiert hunn.
VIDEO: Live! Planet People
De Pierrot an d’Marie-Claire Klein sinn d’Prënzekoppel an der Tréierer Fuesent. D’Jessica Merenz an de Mathieu Dubois si mat de Kanner ronderëm d’Welt gereest.

D’Marie-Claire an de Pierrot Klein sinn d’Prënzekoppel an der Tréierer Fuesent. Et ass déi éischte Kéier, dass Lëtzebuerger dës ganz wichteg Missioun iwwerholl hunn. Si goufen den 12. Januar op enger grousser Gala gekréint, an absolvéieren an dëse Wochen iwwer 400 offiziell Rendez-vousen. Héichpunkt ass natierlech de Weekend tëscht Altweiber a Fuesméindeg.
D’Jessica Merenz an de Mathieu Dubois ware mat hiren zwee Kanner Kali a Liam wärend engem Joer op Weltrees. Si hu 15 Länner besicht an hunn an 90 verschiddene Better geschlof.

Back to Top
CIM LOGO