Plus 7,7 ProzentTrend vun alkoholfräiem Béier: Hausse beim Verkaf vun Heineken

RTL Lëtzebuerg
Den Trend vum alkoholfräiem Béier suergt fir gutt Zuelen dat och beim hollännesche Béierproduzent Heineken.

An 38 verschiddene Länner kritt een an tëscht den Heineken 0,0 ze kafen. Domadder geet déi hollännesch Entreprise mam Trend mat, deen et aktuell a ville Länner gëtt.

Dëst Virgoen huet dann och dofir gesuergt, datt d’Vente vun Heineken ëm 7,7 Prozent an d’Luucht gaangen ass, dëst, esou d’Entreprise, wier déi héchsten Hausse am leschte Joerzéngt.

Kuckt een all d’Produiten, déi zu der Entreprise gehéieren, dorënner Desperados, Tiger oder Birra Moretti, ass d’Vente ëm 3,7 Prozent eropgaangen op 26,8 Milliarden, de Profit awer ëm 1,6 Prozent gefall op 1,9 Milliarden Euro.

Fir Heineken schaffe eng 80.000 Leit a 70 verschiddene Länner.

Back to Top
CIM LOGO