Summer-BilanTrotz komplizéiertem Wieder vill Touristen um Stau

RTL Lëtzebuerg
Trotz villem Reen ass een am Norden nach zefridde mat dëser Saison.
Tourismusbilan am Norden
Trotz komplizéiertem Wieder vill Touristen um Stau

Wéi huet et dëse Summer laanscht d‘Plagen um Stau ausgesinn? Sinn och dëst Joer nees souvill Touriste bis an de Norde vum Land komm, fir hei Vakanz ze maachen? Deene Froe sinn mer zu Ënsber um Frounbierg nogaangen.

An hei stellt sech raus, dass trotz dem Op an Of vum Wieder deelweis nees eng grouss Demande am Norde vum Land war. Och wann d’Plage ronderëm de Stau och mol deeglaang eidel waren, esou waren et dann aner Aktivitéiten, wou d’Nofro grouss war. An och um Camping ass een trotz villem Reen awer nach zefridden mat der Saison 2021.

Back to Top
CIM LOGO