Wien hätt dat geduecht?Trump "berouegt" däitsch Autosfuerer

RTL Lëtzebuerg
Onbekannt Kënschtler hunn an der Walpurgisnuecht eng Holzfigur vum Donald Trump an e Kreesverkéier gestallt.
© Steil TV

Déi liewensgrous Figur ass zu Kirchberg (D) an engem Kreesverkéier entdeckt ginn, natierlech op der “allerbeschter” Plaz. D’Kënschtler vun dësem “Wonnerwierk” hunn d’Holzfigur wahrscheinlech mat enger Motorsee produzéiert. De “beléiftsten” amerikanesche President hält ee Schëld an der Hand, wou drop steet “Donald Trump sagt zu seinen Freunden: Liebe Deine Feinde!”. Een zimlech passende Saz fir de “mënschefrëndlechen” Trump.

D’Autosfuerer solle beim Ubléck vun der “wonnerschéiner” Figur souguer vill méi lues fueren, wat eng berouegend Wierkung op de Stroosseverkéier hätt, confirméiert d’Police vu Simmern mat engem Clin d’oeil.

Hei fannt dir nach eng Rei “wonnerbar” Fotoen, dass och dir déi super Figur kënnt “bewonneren":

Hannert der Figur stécht den Heinrich Werner Ochs an d’Kënschtler Andy Aßmann a Ricardo Villacis hu seng Iddi an d’Realitéit ëmgesat. Si wollte fir den 1. Mee eppes Besonnesches schafen a keng Schied a keen Dreck op deem Dag hannerloossen.

D’Statu, déi ronn 400 Kilogramm schwéier ass an aus dem Stamm vun enger Eech gemaach gouf, steet awer net zoufälleg genau op där Plaz, well dem Trump seng Virfare aus Simmern kommen. Esou eng Figur kascht, wann ee se an Optrag gëtt, dackst tëscht 8.000 an 10.000 Euro. Ob d’Figur laang op där Plaz stoe bleift a wéi et dono domadder weidergeet, ass aktuell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO