Live! Planet PeopleTun Tonnar, Tommek an Anne Van Wetteren

Patrick Greis
Am Live! Planet People e Freideg waren den Tun Tonnar, den Tommek an d'Anne Van Wetteren eis Invitéen.
Live! Planet People
Am Live! Planet People e Freideg waren den Tun Tonnar, den Tommek an d’Anne Van Wetteren eis Invitéen.

Den Turnup-Tun ass e Kënschtler, dee mat senger Musek eppes bewierke wëll, souguer wann hien dobäi bis u seng Grenze geet. De Fräischaffende Museker, deen e Bachelor als Schoulmeeschter huet, schafft och als Produzent, Rapper a Regisseur. Am Oktober 2018 ass dem Tun Tonnar säin ëmstriddent Lidd “FC LXB” erauskomm. No 2 Prozesser gouf hien den 1. Abrëll 2020 fräigesprach. 2019 huet hie mam DJ Nosi d’Single “Schëdden” erausbruecht, déi a kuerzer Zäit zu sengem gréissten Hit ginn ass. Säin grousst Uleies ass et, Lëtzebuergesch Musek méi mainstream-tauglech ze maachen.
Eis versprécht mat sengem neiste Video Summerfeeling pur.

Den Tommek ass e Lëtzebuerger Rapper mat polnesche Wuerzelen. Op sengem neien Album “Wat Rap” schwätzt den Tom MERSCH vun all deenen, déi him wichteg sinn. Elo awer och méi spéit zum Enn vum Liewen. Déi 16 Tracks um Longplayer goufe produzéiert vun 8 Producer, dovunner och 1 vun Berlin. Gemixt gouf den Album vum Tun Tonnar. Um Freideg kënnt de Video zum Song “Candy” mat iwwer 20 Dänzerinnen an Dänzer dee wärend der Quarantän geplangt an ëmgesat gouf.

D’Anne Van Wetteren ass geléiert Anthropologin. De Moment schafft si fir eng grouss Hotelschaîne an entwéckelt en Hotel zu Kopenhagen an een zu Melbourne. Anthropologesch, soziologesch a vollekswirtschaftlech ass et fir si héich spannend ze gesinn, wat grad geschitt. Wat fir eng Mesurë gi wou geholl, wéi verhalen d’Leit sech a wéi verännert de Mënsch sech? D’Corona-Zäit animéiert si eng nei Erfarung ze maachen, mam Vëlo vun Hamburg op Uewerpallen ze fueren a fir ënnerwee op den 800 Kilometer mat Hotelieren a Restaurateuren ze schwätzen.

Back to Top
CIM LOGO