
Um Nuetsdësch an hirer Schlofkummer hätt ee wäisse Pudder fonnt, eng Plastikskaart an e Stréihallem. Séier koum de Verdacht op, wat d’Doudesursaach kéint gewiescht sinn. Dëse gouf elo ronn 3 Wochen nom Virfall bestätegt: d’Koppel ass un enger Iwwerdosis Droge gestuerwen. Dat huet eng toxikologesch Expertis erginn.
Dem Patholog John Fudenberg no si béid wéinst enger ze héijer Dosis aus enger Mëschung vu Kokain a Fentanyl ëm d’Liewe komm.