Gespréichsthema op TwitterUm Kölner Gemengenhaus hänkt eng Figur, déi nawell "flexibel" ass

RTL Lëtzebuerg
Dass mëttelalterlech Konscht komesch Zich kann hunn, ass gewosst. En extreemt Beispill ass op der Kölner Gemeng ze gesinn a mécht elo online seng Ronnen.
© Twitter /Whores of Yore

De Grond wisou d’Figur elo eréischt vum Public an Uecht geholl gouf, ass onkloer. Den Internet huet jo hei dacks seng eege Reegelen... Ma ee Grond, wisou d’Figur bis ewell net bei ville Leit opgefall ass, ass do méi kloer: Et ass eng relativ kleng Figur, déi e puer Meter, e wéineg verstoppt, ënnert enger grousser Bëschofsfigur montéiert ass.

Ëm sou méi opfälleg ass dann awer d’Positioun déi d’Statu anhëlt: Hei gëtt nämlech eng Persoun duergestallt, déi de Kapp tëscht den eegene Been huet a mat erofgestrëppter Box säi beschte Stéck am Mond huet, am Fachjargon “Autofellatio genannt.

Wisou do genee eng Figur hänkt, déi offensichtlech Oralverkéier mat sech selwer huet, ass relativ onkloer. Eleng den Twitter-Account “Whores of Yore”, deen sech mat der mënschlecher Sexualgeschicht beschäftegt a Fotoe vum Här aus Stee gepost huet, krut scho bal 40.000 Reaktiounen.

Ma och Experten, déi sech mat der Geschicht vu Köln auskennen, ass d’Figur zwar Begrëff, ma wéi et genee zu dëser dann dach spezieller Pos koum, bleift e Rätsel. Wat gewosst ass, ass dass et eng Kopie vun enger Figur ass. D’Originalfigur kënnt aus dem Joer 1410 a steet bannen am Tuerm a gëtt hei konservéiert.

De Responsabele fir d’Konservéiere vun de Figuren, den Ulrich Krings betount, dass esou Figure keng Raritéit waren an dass et dorëms gaangen ass, fir den Autoritéite vun deemools ze weisen, dass een näischt vun hire Moralvirstellungen hält.

Back to Top
CIM LOGO