Eng Foire mat Traditioun, déi et schonn zanter 1995 gëtt.
En Defilé mat Schockela-Kleeder gëtt et, Knippercher, Gebäck... alles, wat d’Häerz vun engem Chocoholic méi héich schloe léisst an de Bluttzockerspigel klammen.
Um Mëttwoch den Owend goufen déi bescht a schneekegst Produkteuren och mam internationale “Cocoa Award’ ausgezeechent.
De Salon du Chocolat zu Paräis dauert bis den 3. November.