
E Cannabis-Ofschloss op enger Uni: Wat sech wéi e Witz unhéiert, soll tatsächlech elo op enger staatlecher Uni am US-Bundesstaat Colorado méiglech sinn. D’Colorado State University-Pueblo wëll am Hierscht dëst Joer Cannabis-Studiegäng offréieren.
Op d’mannst 160 Studieplaze sollen am Hierscht ënnert dem Numm “Cannabis, Biology and Chemistry” ugebuede ginn. D’Kandidaten hunn ënner anerem d’Méiglechkeet spéider fir d’US-Hanf-Industrie oder souguer fir d’Regierung ze schaffen.
De Studium dauert 4 Joer a besteet aus e bësse Mathe, Physik a virun allem Biologie a Chimie. Et kann ee sech entweder an d’Produktioun oder an d’Analys vun Hanf-Produite lancéieren.
Nei ass d’Iddi net. Un der Northern Michigan University gëtt et en änlechen Bachelor-Studiegang mam Titel “Medicinal Plant Chemistry”. Donieft gëtt et zanter 2007 déi éischt Kiffer-Uni, dat a Kalifornien. D’Oaksterdam University ass eng privat Héichschoul an e Cours vun engem Dag kascht 500 Dollar.