Genderneutral SpillsaachUnisex-Popp fir Kanner

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikanesche Spillsaache-Konzern "Mattel" bréngt eng nei Linn eraus, déi näischt méi mat der klassescher Barbie ze dinn huet.
© Mattel

Vill Meedercher hunn op d’mannst eng Barbie mat laange platinblonden Hoer, engem onnatierlech dënne Kierperbau a pinke Kleeder doheem. Vun dësem Bild wëll sech “Mattel” elo léisen. Virun enger Zäit huet d’Entreprise scho probéiert, d’Popp der gesellschaftlecher Realitéit unzepassen, mat e puer Kilo ze vill op den Hëften, enger Glatz oder enger Prothees. Och de Ken entsprécht net méi dem Klischee vum Mann, well hien neierdéngs eng Wäschmaschinn huet. Bei där ganzer Diversitéit gouf awer eppes Wichteges vergiess: Eng genderneutral Spillsaach.

Aus deem Grond huet de Konzern eng Popp ënnert dem Numm “Creatable World” op de Maart bruecht, déi d’Kanner individuell gestalte kënnen. Se huet weder en Numm nach en offiziellt Geschlecht. D’Spillsaach erënnert un eng wäiss Toile, bei där der Fantasie vun de klenge Kanner keng Grenze gesat ginn.

D’Spillsaache sinn e Spigelbild vun eiser Gesellschaft, dowéinst ass et esou wichteg, Poppen ze entwéckelen, déi dem binäre Geschlechtermodell net entsprieche mussen, sou d’Kim Culmone, Designcheffin bei “Mattel”.

Soulaang d’Elteren hire Kanner bäibréngen, dass Meedercher just mat Prinzessinnen an Jongen nëmme mat Piraten a Ritter spillen, kann d’Genderneutralitéit an der Gesellschaft net gefërdert ginn. Et wier wichteg, dass déi Kleng Fräiraum beim Spillen hunn, fir sech kreativ entfalen ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO