
Passend zur Premiere vun “The Rise of Skywalker”, dem néngte Film aus der Saga, huet United Airlines e Fliger designe gelooss, dee bei der Fan-Communautéit weltwäit fir Begeeschterung gesuergt huet. Déi éischte Kéier ass d’Maschinn Ufank November geflunn, vu Houston an Texas bis op Orlando a Florida.
Star Wars a United Airlines hätten dat selwecht Zil, nämlech Mënschen op der ganzer Welt mateneen ze verbannen, sou de Vizepresident Mark Krolick vun der Fluchgesellschaft. Och wann deen een oder anere béise Stormtrooper u Bord war, sinn d’Passagéier alleguerten heel op hiren Destinatiounen ukomm.