Allergie a kee CoronaUS-Maschinn, wéinst Néits- an Houscht-Attack vu Passagéier, ëmgeleet

RTL Lëtzebuerg
Well e puer Leit Panik kruten, nodeems an enger Maschinn vun der United Airlines e Passagéier ze vill genéitst a gehouscht hat, gouf de Vol ëmgeleet.
© AFP Archivbild

Wéi United Airlines e Méindeg matgedeelt huet, huet d’Maschinn e Sonndeg hire Vol vun Eagle (Colorado) op Newark (New Jersey) missen ofbriechen an zu Denver tëschelanden. E puer Passagéier hate sech iwwert e Mann opgereegt, deen hinnen ze vill genéitst a gehouscht hat.

E puer Leit goufen aus Angscht, de Mann kéint si mam Coronavirus ugestach hunn, därmoossen aggressiv, dass si zu Denver aus dem Fliger gebiede goufen. Duerno ass d’Maschinn wéi geplangt op Newark weidergeflunn.

United Airlines huet Lokalmedien confirméiert, dass kee Passagéier a Gefor gewiescht wier. De Mann hätt ganz einfach eng Allergie a konnt no engem kuerzen Check u Bord bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO