
De Pensionär Warner Wordsworth setzt sech mat senger Petitioun “Bring back the beard” fir d’Leit mat Baart an. Dës Virschrëft vun der Brigham Young Uni staamt ursprénglech aus den 1960er Joren, wéi Baart an der Hippie-Beweegung Trend war. D’Hippie-Beweegung huet allerdéngs den Usiichte vun der Mormonen-Kierch widdersprach, wouduerch ee Baartverbuet op der Uni ausgeschwat gouf.
Bis elo huet de Wordsworth mat senger Petitioun bannent engem Mount nëmme knapps 700 Ënnerschrëfte konnte sammelen. D’Brigham Young Uni huet ronn 36.000 Studenten.
