
E Mëttwoch de Moie (lokal Zäit) gouf an den Hollywood Hills en Abroch gemellt. Op d’mannst ee vun den Täter soll eng Mask gedroen an eng Schosswaff dobäi gehat hunn.
De Bashar Barakah Jackson, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Pop smoke, wier mat Aschosswonnen an d’Spidol bruecht ginn, an der Klinik gouf hie fir dout erkläert.
Den Ament zirkuléiere Rumeuren iwwert d’Hannergrënn vun der Dot am Internet. De 50 Cent schreift op Twitter: “Keen Erfolleg ouni Näid, Verrot kënnt vun deenen, déi Dir no stinn. Rou a Fridden”.