Gewunnechten ännere sechVakanz mam Camper gëtt ëmmer méi beléift

Philippe Dondelinger
Wéi een Impakt hat d'Corona-Pandemie op d'Camping-Branche? Eist Kamerateam huet sech e Bild op der Plaz gemaach.
Vakanz mam Camper gëtt ëmmer méi beléift
Vill Leit hunn an der Coronazäit de Camping entdeckt, esou heescht et emol.

Vill Leit hunn an der Corona-Zäit de Camping entdeckt, esou heescht et emol. Verschidde Länner hunn aner Restriktiounen ewéi mir an esou si vill Camping-begeeschtert Leit op Lëtzebuerg geflücht, fir awer kënne Vakanz ze maachen. Ma wéi gesäit et am Allgemengen den Ament op de Campingen aus? Hat Corona en Impakt op den Interessi? A wat hunn d’Leit léiwer: Camper, Zelt oder Roulotte? De Philippe Dondelinger huet sech schlau gemaach.

Mir waren um Camping an der Fuussekaul zu Besuch, ee grousse Camping, wou ee vun allem fënnt: Vill Plaz, Camper, fix Chaleten a vereenzelt Zelter. De Charly Mersch huet wuel mam Virus, wat d’Loune vun de Camper ugeet, en Impakt gespuert. Ëmmer méi Leit interesséiere sech, fir mam Camper fort ze fueren.

D’Demande ass also an d’Luucht gaangen, anersäits huet sech awer och wéinst nach méi strenge Restriktiounen am Ausland d’Clientèle geännert.
Dem Charly säi Monni, den Henri Brack, këmmert sech ëm d’Gerance vum Camping, ma och do muss senger Meenung elo eppes geschéien, ier et ze spéit ass. De Problem war de Sanitär-Beräich. De Camping vun der Zukunft, do sollt all Mënsch säin eegenen hunn.

Vill auslännesch Restriktioune beaflossen d’Reservatiounen am Allgemengen op de Campingen. De Camper ass elo méi beléift ewéi virdrun, grad esou ewéi d’Destinatioun Lëtzebuerg bei eisen auslännesche Kolleegen. Vue dass d’Restriktiounen do méi schaarf sinn ewéi hei, komme se all op Lëtzebuerg.

Och den Automobilclub huet en däitlechen Impakt vum Virus gespuert. D’Laura Garofoli ass zanter engem Joer amgaangen de Choix an d’Unzuel vu Camping-Bicher a Prospekter ze vergréisseren. Fir déi Leit, déi nach ni mat engem Camper ënnerwee waren, kann een am Automobilclub seng éischt Erfarunge sammelen, esou goufen hir Camper-Modeller ganz bewosst erausgesicht, fir dass een als Ufänger och domadder eens gëtt.

Fir de Frank Maas aus dem Diagnostic Center ass virun allem d’Zuel un de Camper-Locatiounen däitlech an d’Luucht gaangen, ëmmer méi Leit entdecken anscheinend de “Camping Car” nei.

Och zu Noumer um Camping huet sech an deem leschte Joer vill gedoen, net nëmme krute si trotz der Covid-Situatioun vum ADAC eng Auszeechnung, well et esou ee schéine Camping ass, nee och wat d’Reservatiounen ugeet. Do goung et allerdéngs biergof. Esou hate se nëmme 70% leschte Summer u Reservatiounen, wou se meeschtens ausgebucht waren.

De Lëtzebuerger entdeckt also den Ament säin eegent Land, och wat d’Campingsméiglechkeeten ugeet, do weist sech ganz kloer en Trend. Ëmmer méi Leit wëlle mam Camper fort.

Den Interessi am Allgemengen ass an d’Luucht gaangen, de Camper gëtt ëmmer méi beléift. A fir deen, dee sech elo fir Christi Himmelfahrt nach séier fir de Camping entscheet huet, bei deem heescht et, sech bäimaachen, well dee Weekend kréien d’Campingen et ze spieren, wat d’Reservatiounen ugeet.

Back to Top
CIM LOGO