Vegan Chalking NightVeganer mole mat Kräid hir Messagen op de Buedem vum Stater Park

RTL Lëtzebuerg
Vum 31. Mee op den 1. Juni leeft weltwäit déi éischten Editioun vun der „Vegan Chalking Night“.
Vegan Chalking Night am Stater Park
Mat positive Message wëll een de Leit erklären, wisou een sech fir de Vegane-Liewensstil soll entscheeden.

An 277 Stied a 64 Länner si Veganer an Aktioun an molen mat Kräid hir Messagen op de Buedem. Et sinn positiv Messagen, mat deenen een de Leit well erklären, firwat ee sech fir de Vegane Liewensstil entscheeden soll.

Wéinst dem Marathon gouf zu Lëtzebuerg dëst Evenement virverluecht. Am Stater Park laanscht d’Kinnekswiss gouf schonn e Mëttwoch den Owend manifestéiert. Zu Lëtzebuerg hätt sech an den leschte Joren vill gedoen, soen d‘Organisateuren. Et wier ouni Problem méiglech, fir sech z’ernären oder ze kleeden, ouni op Déieren zréckzegräifen. Et ginn keng genee Zuelen doriwwer, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg vegan liewen. D’Associatioun geet vun 2 bis 4 Prozent aus.

Back to Top
CIM LOGO