Stiftung WarentestVegetaresch Wurscht am Test

RTL Lëtzebuerg
Zwielef Veggie-Charcuterie solle gutt sinn, zwou "Mangelhaft".
© Manuel Krug

Obwuel kee Fleesch dran ass, gesi vill vun de vegetaresche Wurschten nach no Salami oder Lyoner aus. Zum Deels bléift de Goût och relativ ähnlech. Oft baséieren d’Produiten op Eeër, Tofu, Weess oder Seitan. D’Stiftung Warentest huet 20 vegan an vegetaresch Produite gepréift, ënnert anerem vun de Marken “Rügenwalder Mühle”, “Alnatura” an “Veganz”.

D’Tester hunn déi verschidde Charcuterie op Goût, ernierungsphysiologesch Qualitéit, Schuedstoffer, Keimen a genetesch verännerten Organisme gepréift. Dobäi hu vill vu de Produite mat “Gutt” ofgeschnidden. Am Schnëtt hu si däitlech manner Fett wéi déi klassesch Wurschten aus Fleesch. Nëmmen zwee Mol war d’Qualitéits-Uerteel: “Mangelhaft”.

LINK: Internetsite Stiftung Warentest: Vegetarische WurstËmmer méi Leit wiesselen op eng vegetaresch Ernierung eriwwer. Nom däitschen Ernährungsreport hunn 2018 just nach 28 Prozent vun den Däitschen deeglech Fleesch giess. Dat Joer virdrun waren et nach 34 Prozent. Am Grand-Duché war de Pourcentage vu Vegetarier Ufank 2018 nëmme bei 2 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO