D’Organisatioun friends4events haten op dat gréisst Vëlkerball-Turnéier vu Lëtzebuerg an d’Sportshal op Biissen invitéiert. Am ganzen hate sech 16 Ekippen ugemellt, plus zwou Promi-Ekippen. Eng Partie Politiker hu sech dann och zur Verfügung gestallt.
Ween am heefegste getraff gouf, ass net iwwermëttelt. Ass am Fong och egal. Wichteg ass: de ganzen Erléis ass fir de gudden Zweck. De 27. Abrëll kritt den Télévie de Check mat de Suen. An dat zu Miersch, engem vun de 5 Centre de Promesse dëst Joer.