
Léift kennt keng Grenzen. Dat huet sech e jonke Mann och geduecht, deen net wollt akzeptéieren, datt seng Ex-Frëndin mat him per Telefon Schluss gemaach huet. Dowéinst ass hien an d’JVA Vechta agebrach.
Eng Zeen, déi liicht un d’Mäerche vum Rapunzel erënnert... Hien ass un enger Mauer 4 Meter eropgeklommen, fir mat senger Häerzensdamm ze schwätzen. Domat net genuch: Wärend dem Klotere war den 18 Joer ale Mann hallef plakeg, hie wollt nämlech net um pickegen Drot hänke bleiwen.
Nodeems de Mann vun engem Mataarbechter vum Prisong erbléckst gouf a sech geweigert huet, nees erofzeklammen, hunn d’Pompjeeë missen agräifen an hie mat Hëllef vun enger Leeder vun der Fassad erofhuelen. Hie gouf vun de Beamte vun der Police festgeholl a muss elo mat Konsequenze rechnen, well an e Prisong abriechen ass eng Strofdot.
Et gouf bis ewell net gekläert, wisou hien dës Ëmstänn op sech geholl huet, well hien och wärend de Besuchszäiten hätt kéinte mat senger Ex-Partnerin schwätzen.