
D’Häert vun den australeschen Autoritéiten, fir géint d’Verbreede vum Covid-19 virzegoen, krut e 35 Joer ale Mann elo ze spieren - hie muss an de Prisong. De Jonathan David huet e Mëttwoch misse seng Strof untrieden an elo wärend engem Mount seng Zäit hannert de Gitteren ofsëtzen.
Wat war geschitt?
Déi concernéiert Persoun huet e puer mol géint d’Oploe vun den australeschen Autoritéite verstouss andeems hien sech aus der Quarantän geschlach hat, fir - eegenen Aussoen no - seng Frëndin ze besichen.
Wéi et vun der Police aus dem Bundesstaat West Australia heescht, hätt sech de 35-Järege méi wéi eemol iwwer den Noutausgang vum Hotel ënner Quarantän duerch d’Bascht gemaach. Dobäi gouf hie vun der Iwwerwaachungskamera agefaangen an elo ugangs dës Mounts dofir festgeholl.
Nieft der Prisongsstrof vun engem Mount krut de Mann eng Geldstrof vun ëmgerechent 1.170 Euro opgedrummt. Hat de Mann d’éischt uginn, e wier sech eppes z’iesse siche gaangen, esou ass eeben dono erauskomm, datt d’Léift wuel ze staark war an hien onbedéngt huet misse bei seng Frëndin heem.
D’Léift war wuel ze grouss
De Jonathan David war ausgangs Mäerz aus dem Bundesstaat Victoria op Perth komm an huet doropshi misse 14 Deeg an engem Hotel a Quarantän liewen. Dëst huet awer wéi et schéngt net esou richteg geklappt - wier en dobliwwen, wier hie schonn nees e Méindeg bei senger grousser Léift gewiescht.