Congé a CoronaVill Leit fléie spontan an d'Vakanz

Christophe Hochard
Dofir huet déi national Fluchgesellschaft och hir "Last Minute Offer" ausgebaut an en neit Konzept fir dëse Summer ausgeschafft.
Corona a Congé. Vill Leit fléie spontan an d'Vakanz
Dofir gouf och d’"Last Minute Offer” vun der Luxair ausgebaut.

No enger schwiereger Phas ass dëser Deeg nees eng méi lass um Findel. Virun allem iwwer d’Weekender, also tëscht Freides a Sonndes verreesen d’Leit. Dobäi dominéieren d’Vakanze virun de Businessreesen.

Nieft dem Auto ass d’Vakanz dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach. 50 verschidden Destinatioune bitt d’Luxair dëse Summer un, Spuenien a Griicheland sinn “à la une”.

Par Rapport zu 2019 wären et an de Méint Juli an August allerdéngs eng 20 Prozent manner Reservatiounen.

Decidéiert ee sech kuerzfristeg, fir an d’Vakanz ze fléien, kann een op eng “Last Minute Offer” zréckgräifen. Vun en Donneschdeg un gëtt et dann och eng nei Formule: “Fly Now”.

Et géifen ëmmer méi Leit sech kuerzfristeg decidéieren, eng Vakanz ze buchen. Eng Ursaach sinn d’Covid-Reegelen an d’Restriktiounen, déi vu Land zu Land verschidde sinn a permanent changéieren.

Um Internetsite vun der Luxair kritt een all Informatioune ronderëm d’Pandemie-Situatioun op den eenzele Vakanzendestinatiounen. D’Lëtzebuerger Fluchgesellschaft huet iwwer d’Summerméint 19 Fliger am Asaz.

PDF: De Communiqué vun der Luxair

Back to Top
CIM LOGO