Air GamesVill Spaass bei der 1. Editioun um Iechternacher Séi

Christophe Hochard
An eisen Nopeschlänner, der Belsch a Frankräich si se beléift a bekannt: d'Air Games.

Hei hannendru verstoppe sech Aktivitéiten op groussen, opblosbare Sprangschlässer. Hei zu Lëtzebuerg gouf dëst Evenement e Sonndeg eng éischte Kéier organiséiert an zwar ronderëm den Iechternacher Séi.

Den Iechternacher Séi mat sengen Alentouren hat sech e Sonndeg zu enger grousser Spillplaz verzaubert. Fir Grouss a Kleng, Jonk an Al. 10 Obstakele goufen et am Ganzen, zwee dovunner waren op enger Insel vum Séi installéiert an hei gouf een naass.

Ier d’Leit op de Parcours geschéckt goufen, huet den éischten Exercice doranner bestanen, d’Gelenker an d’Muskelen opzewiermen.

Virun allem an der Belsch an a Frankräich sinn dës “Air Games” bekannt a beléift. Wei déi Responsabel de Site ronderëm de Séi gesinn hunn, war hinne kloer, hei gëtt déi éischten Editioun zu Lëtzebuerg organiséiert.

Wärend déi eng gemitterlech um Bord vum Waasser souzen a gehofft hunn, e Fësch géif ubäissen, sinn op där anerer Säit d’Leit an d’Waasser gesprongen. Deels fräiwëlleg, deels fräiwëlleg gezwongen.

Spaass hunn an e puer flotter Stonne verbréngen, dëst war d’Zil vun dësem Evenement an de Gros vun de Leit sinn duerno zefridden heemgaangen.

Air Games zu Iechternach um Séi
An eisen Nopeschlänner, der Belsch a Frankräich si se beléift a bekannt: d’Air Games.

Back to Top
CIM LOGO