"Summer Love Joy"? "Skyline"? "Cutie"?Wéi eng Virnimm fir Kanner sinn erlaabt a wéi eng net?

Nicky Soisson
Sophie, Emma, Gabriel a Leo. Dat sinn am Moment déi Virnimm déi zu Lëtzebuerg ganz uewe stinn op der Lëscht vun de Kanner déi op der Gemeng deklaréiert ginn. Ma et kann een net egal wat vu Virnumm wielen, och wa mir hei nawell zimmlech large si wat de Choix ugeet.
© pixabay.com

Virnimm bei Kanner - Wat ass erlaabt a wat net?

Dat duerch e Gesetz vun 2005, Jules Becker vum Biergerzenter aus der Stad.

“Do ass dat e bësse gelockert ginn hei zu Lëtzebuerg. An sech sinn elo d‘Limitte relativ wäit, dat heescht et däerf net schiedlech si fir d’Kand, net pejorativ sinn, dann däerf et keng Trademark sinn, den Numm vun engem Drëtten.”

Virdru war dat Ganzt nach eng Nummer méi restriktiv:

“Do war et an sech nom Kalenner vun, ech soen lo deen Hellegen, dat ass vläicht lo ganz restriktiv. Mee e mir hate Bicher wou mer da kucke gaange sinn, wéi d’Schreifweis éischtens war well déi heiansdo net gepasst huet an och aner Virnimm, déi, déi konnte mer net unhuelen, well se net an engem vun deene Bicher figuréiert huet.”

Refuséiert gëtt u sech net vill hei am Biergeramt bis op wierklech flagrant Nimm wéi Lucifer oder Bin Laden. An da ginn et och Virnimm bei deenen ee sech net ganz sécher ass:

“Mir haten do den Summer Love Joy. Dat war och allerhand Diskussiounen éier mer deen duerchgewénkt hunn. Skyline hu mer hei, Kalli, Cutie, also onméiglech Saachen wou mir elo selwer och net wëssen, wat et genee bedeit duerch di vill Nationalitéite, mat deene mer konfrontéiert sinn, ass dat ganz oft e Virnumm, dee Gang und Gebe ass an deem Land wou d’Leit hierkommen an dee mir awer ni héieren hunn, an dee fir eis och komesch kléngt.”

D’Responsabilitéit läit iwwregens beim Beamte vum Etat civil well et ass hien deen decidéiert wat ugeholl gëtt a wat net.

“Dat ass scho richteg, wéi bei ville Saachen am Etat civil. Ma mir lo eppes refuséieren, de Bierger oder de Papp, deen umelle kënnt, net averstanen ass mat eiser Decisioun, da gi mir weider un eis méi héich Autoritéiten a mir froen eis dann do en Avis.”

Back to Top
CIM LOGO