
An deem Kader gëtt de 26. November um 17.30 Auer de Film “Léif Lëtzebuerger”, a Präsenz vun der groussherzoglecher Famill, an der Philharmonie gewisen. Ier um Owend dann eng Receptioun ass, halen de Grand-Duc an de Premier Xavier Bettel nach eng Ried zu Éiere vun dësem ronne Jubiläum.
D’groussherzoglech Koppel loossen donieft wëssen, dass si dëse Moment gär zesumme mam Public feiere wëllen. Deemno kënnen déi Leit, déi gär mat dobäi wieren, sech vum 14. November un op www.cgdevents.lu aschreiwen oder sech um +352 47 48 74 840 mellen (tëscht 9 a 17 Auer).