Lady GagaVu Fan op Hänn gedroen an zesumme vun der Bühn gefall

RTL Lëtzebuerg
Fir e Fan ass et wuel dee gréisste Wonsch mat sengem Idol op der Bühn ze stoen. Mat sengem Idol vun der Bühn ze falen, wuel manner.
© AFP

D’Sängerin ass en Donneschdeg den Owend an den Äerm vun engem Fan vun der Bühn zu Las Vegas gefall. Dat Ganzt gouf vun e puer Fans mat der Handykamera festgehalen an op de soziale Reseaue gepost.

De Mann, dee vun der Lady Gaga op d’Bühn geruff gouf, huet d’Sängerin op den Aarm geholl, huet dunn awer d’Gläichgewiicht verluer an ass mat hir zesumme vum Podest gefall.

Et ass zum Gléck näischt geschitt, ma de Schock beim Fan war nawell grouss. De Mann huet ugefaange mat kräischen a gouf vun der Sängerin berouegt: “Maach der keng Suergen, alles an der Rei. Et ass net deng Schold”. Anengems huet d’Sängerin d’Leit opgefuerdert, um Internet net onfrëndlech zum Fan ze sinn.

D’Suerg vun de Leit no esou enger Chute ass iwwregens net onbegrënnt. Bei der Lady Gaga gouf Fibromyalgie festgestallt, eng chronesch Krankheet, déi am ganze Kierper Péng verursaacht an ee méi empfindlech mécht. 2013 huet d’Sängerin dowéinst souguer missen hir “Born This Way"-Tour ofsoen, nodeems si sech d’Hëft gebrach hat.

Back to Top
CIM LOGO